Beaver- Kanner vun 6 bis 8 Joer

Image may contain: 20 people, including Michèle Reisen, people smiling, outdoor

Den eischten Schrett an den Scouten machen dei meescht Leit an den Beaver. Kanner vun 6 bis 8 Joer bilden hei all zesummen eng Colonie Beaver dei zesummen vill Sachen erliewen. Enerdeelt an Dämm fir dei jeweils een Chef zoustänneg ass leieren sie sech an engem Grupp upassen, dei aner respekteieren an zesummenschaffen.

Image may contain: 2 people, people smiling, child, outdoor and nature    

Emol an der Woch treffen sie sech fir zesummen ze spillen, ze bastelen, Natur ze entdecken an kleng Deeler vum Scoutismus ze entdecken. Hinnen geet et firun allem drem zesummen eng flott Zait ze verbrengen, guideiert vun hiren Cheffen dei probeieren hinnen verschiden Wärter wei Respekt, Toleranz, Solidariteit,… mei  no ze brengen. 

Image may contain: 1 person, child  

Dat ganzt fent am Kader vun der Geschicht ‚Frenn aus  dem Besch‘ statt, eng Geschicht  an där eng Beavercolonie an eng Menschenfamill sech kennenleieren an hier geigenseiteg Liewensstyler entdecken. Puer mol Joer hun Beaver och Meiglechkeet ganz Deeg oder souguer Campen vun maximum 3 Nuechten mateneen ze verbrengen an sou nach mei zesummen ze wuessen an nei Erfahrungen ze machen. 

 

Eis Beavercheffen sinn:


Michèle Reisen (Chef de colonie)

Jil Krier

Nathalie Schumacher

Camie Hilger

Lara Jegen

Raphaël Menasce

Sabrina Schmit

Lea Menasce

 

Tags: