D'Scoutsgesetz

D’Scoutsgesetz ass dat wourun all Scout vun jonk bis al probeiert sech op seng Weis ze halen. Et ass Deel vun sengem Verspriechen dat en mecht ier en sein Foulard krit deen hiern offiziel zu engem Member vun desem Mouvement mecht, vum Patrullenliewen genausou wei vun all den aneren Scoutsaktiviteiten. Scoutsgesetz heescht fir Scouten keen rechtlescht Gesetz oder Zwang mee eischter eng Serie Rotschlei dei hiern sou gudd wei meiglech soll an sein Liewen abannen.

 

Beavergesetz:

  • E Beaver as frou.
  • E Beaver as fläisseg.
  • E Beaver denkt un d'Natur.
  • E Beaver hëlleft iwwerall. 

Feier

 Wellefchersgesetz:

  • E Wëllefche lauschtert op deen ale Wollef.
  • E Wëllefche mécht d'Aën op a spëtzt d'Oueren.
  • E Wëllefchen as propper a seet d'Wourecht.
  • E Wëllefchen as e gudde Komerod.
  • E Wëllefchen hëlleft wéi a wou hie kann.

Hike

 

Scoutsgesetz:

  • E Scout (Eng Guide) huet Disziplin.
  • E Scout (Eng Guide) as offen a héiferlech. All Scouten a Guide sin Bridder a Schwesteren.
  • E Scout (Eng Guide) mécht säi (hiirt) Bescht fir all denen déi a Nout sin ze hëllefen.
  • E Scout (Eng Guide) mécht all Dag a gudd Wierk.
  • E Scout (Eng Guide) as gudd mat den Déiren, a respektéiert d'Natur.
  • E Scout (Eng Guide) hëlt alles vun der gudder Säit.
  • E Scout (Eng Guide) respektéiert wat anere gehéiert.
  • E Scout (Eng Guide) as propper u Läif a Séil; hie (si) seet a mécht näischt Schlechtes.

scout